Le mot du Bourgmestre
Häerzlech Wëllkomm an der
Rieslingsgemeen Wormer
Vum 16. bis den 18. September ass et erëm sou wäit, fir de “Riesling Open“ ënnert dem Motto “Dorch d’Kellere vun der Rieslingsgemeen“ maachen d‘Wënzer vun Éinen, Wormer, Wormerberreg, Ohn a Meechtem hir Dieren op fir Iech hir Betriber an hir Produkter virzestellen.
Ewell déi net grad 60 ha Riesling an der Wormer Gemeen praktesch 1/3 vum Riesling vun der Lëtzeborger Musel duerstellen, bidd de “Riesling Open“ de Wäifrënn d’Geleeënheet fir de Kinnik vun de Wäiner “de Riesling“ besser kennen a schätzen ze léieren.
Ech invitéieren Iech alleguerten op de Riesling Open 2011, wou d’Organisateuren an d’Wënzer erëm alles wärte maache fir is Gäscht beschtens ze empfänken.
Freides de 16. September invitéiere mir häerzlech op d’Kréinung vun der Rieslingskinnigin “Véronique“.
Samschdes a Sonndes sinn an den eenzelnen Ortschaften vun der Gemeen 23 Betriber déi Iech aluede fir an enger eemoleger Ambiance déi beschte Cru’en vu sämtleche Wäinzorten ze genéissen a zervéieren dobäi lokal a regional kulinaresch Spezialitéiten.
Fir den Transport tëschent deenen eenzelnen Däerfer a Kellere sti Busnavetten an d’MS Princesse Marie-Astrid bereet. Zousätzlech besteet d’Méiglechkeet, mam ëffentlechen Transport an is Gemeen ze kommen.
Der aktueller Rieslingskinnigin Jil soen ech e grousse Merci fir hiert Engagement am Interessi vun der Musel, vun iser Gemeen a vum Wäin, an der neier Rieslingskinnigin Véronique mat hire Prinzessinne wënschen ech elo scho vill Freed an hirem Amt.
Mäi spezielle Merci gëllt den Organisateure vun dëser Manifestatioun, de Wënzer fir hir Participatioun an all de Sponsore fir hir Ënnerstëtzung.
Ech wënschen dem RIESLING OPEN 2011 vill Erfolleg, an all ise Gäscht en agréabelen Openthalt an iser Rieslingsgemeen .
Mir freeën is iwwer Äre Besuch.
Jean BEINING
Borgermeeschter vun der Rieslingsgemeen Wormer
16 - 18 Septembre 2011