24. Rieslingskinnigin

Sara RINNEN



Léif Frënn vum Lëtzebuerger Wäin, léif Leit alleguer

 

Mäin Numm ass Sara Rinnen, ech hunn 21 Joer a wunnen zu Éinen.

 

No bei de Wéngerten opgewuess, sinn ech scho fréi mam Wäibau a Kontakt komm an hunn mech fir d’Aarbecht vum Wënzer interesséiert.

 

Duerch déi vill Optrëtter als Prinzessin hat ech d’Méiglechkeet, vill nei Bekanntschaften ze schléissen an hunn nach sou munches iwwert de Wäin bäigeléiert. No 5 flotte Joren als Rieslingsprinzessin, hunn ech d’Éier, dëst Joer zur 24. Rieslingskinnigin gekréint ze ginn. Ech freeë mech drop, de gudde Lëtzebuerger Wäin a Crémant, virun allem eisen Riesling, souwuel zu Lëtzebuerg, ewéi och am Ausland ze representéieren.

 

Zesummen mat mengen Prinzessinne Anne Kelsen, Tessy Marx an Lilli Hippert invitéieren ech Iech ganz häerzlech op de Riesling Open 2023. Den Optakt ass Freides, den 15. September um 20 Auer, mat menger Kréinung zu Wormer am Centre Culturel. Samschdes a sonndes maachen d’Wënzer hir Kelleren zu Éinen, Wormer, Ohn, Meechtem an um Wormerberreg fir Iech op wou Dir déi exzellent Wäiner aus eiser Gemeng kënnt schmaachen.

 

 

Ech hoffen Iech alleguer de 15., 16. a 17. September um Riesling Open 2023 ze begéinen fir mat engem gudde Patt mat Iech unzestoussen.

 

Sara RINNEN

Rieslingskinnigin 2023